Rue Winston ChurchillFeier am Parking vun engem Appartementshaus zu Esch, Leit evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf et an der Rue Winston Churchill ee Brand vun 2 Autoen am Parking um Niveau -1. Dernieft hat sech ganz vill Damp am Gebai verdeelt.
© CGDIS

4 Awunner goufen evakuéiert. Eng Persoun huet misse mat der Leeder erausgeholl ginn. Et gouf keng Blesséiert.

Um 15 Auer war de Brand geläscht.

61 Pompjeeë waren am Asaz vun 7 Zenteren.

Da gouf et nach en Asaz zu Rëmeleng an der Rue de l'Usine. Géint 13.15 Auer gouf do eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO