
Géint 16.20 Auer goufen d’Secouristen avertéiert a sinn an d’Rue des Acacias gefuer, fir de Flame meeschter ze ginn. De CIS Lëntgen a Miersch an eng Nordstad-Ambulanz waren am Asaz.

Bei engem Accident an der Rue du Puits Romain zu Bartreng gouf eng Persoun blesséiert, wou een Auto an ee Camion matenee kollidéiert sinn. Ee weidere Blesséierte gouf et an der Rue Zenon Bernard zu Esch, wou ee Kand vun engem Auto ugestouss ginn ass.