CGDISFeier an engem Appartementshaus zu Dummeldeng

RTL Lëtzebuerg
Um Silvesterowend koum et zu Dummeldeng an der Buanderie vun enger Wunneng um 5. Stack zu engem Feier.
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg

D'Stater Pompjeeë ware géint 19.15 Auer op d'Plaz geruff ginn, fir d'Feier ze läschen. D'Pompjeeë vun Nidderaanwen-Schëtter goufen nach als Verstäerkung dobäi geruff.

D'Feier konnt séier geläscht ginn.

De Pompjeeën no, wier d'Wunneng fir eng länger Zäit net méi bewunnbar sinn.

Back to Top
CIM LOGO