CGDIS op der PlazFeier an enger Textilfabrick zu Stengefort - 1 Blesséierten
D'Pompjeeën hunn en Donneschdeg de Moien ëm 8.16 Auer an d'Rue de Schwarzenof zu Stengefort missen urécken.
De Kamäin vun enger Industriehal, an där Textilie verschafft ginn, hat Feier gefaangen. Op der Plaz war eng Ambulanz aus der Stad, genee wéi Pompjeesekippe vu Stengefort, Habscht a Réiden op der Atert.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Kuerz no 17 Auer huet de CGDIS matgedeelt, dass eng Persoun blesséiert gouf, nodeems virdrun nach Rieds dovu war, dass et beim Materialschued bliwwe wier.