112Feier zu Ierpeldeng an zu Déierbech

RTL Lëtzebuerg
Zu Ierpeldeng an der Gemeng Bous wéi och zu Déierbech hunn d'Pompjeeë wéinst engem Feier missten erausréckelen.

Den 112 mellt zwee Bränn um Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg. Um 18.30 Auer huet et zu Ierpeldeng an der Gemeng Bous gebrannt. Do stoung eng Scheier a Flamen. Um 2.30 Auer huet et zu Déierbech op engem Balcon gebrannt. An den zwee Fäll gouf kee blesséiert.

De CGDIS mellt iwwerdeem eng Kollisioun vu 4 Gefierer e Samschdeg de Mëtteg géint 14.30 Auer zu Käl. Heibäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO