Weltfraendag: JIF organiséiert den 8. Mäerz Demo an der StadFeministesch Plattform fuerdert méi Accueilsstrukture fir Fraen an Nout

RTL Lëtzebuerg
En vue vum internationale Fraendag formuléiert déi feministesch Plattform JIF eng Partie Revendicatiounen.

Et bräicht onbedéngt méi Accueilsstrukture fir Fraen an Nout, ënner anerem fir Affer vun haislecher Gewalt, awer och fir Persounen ouni Daach iwwer dem Kapp.

D’ëffentlech Hand misst abordabele Logement schafen, ënner anerem fir Fraen, déi aus Foyeren erauskommen a fir Monoparentauxen.

De Kampf fir d’Gläichberechtegung, a méi spezifesch fir d’Rechter vun der Fra, wier nach ëmmer keen Acquis, sou d’JIF.

Demo an der Stad um Weltfraendag: Net sécher, ob d’Marsch iwwert den Hamilius ka goen

Och dëst Joer organiséiert déi feministesch Plattform JIF fir de Weltfraendag den 8. Mäerz nees eng Demonstratioun an der Stad. Ma wéi de lénke Stater Gemengerot Guy Foetz e Freideg an enger dréngender Fro un de Schäfferot schreift, krut d’Organisatrice vun der Stad Lëtzebuerg gesot, datt si dobäi wuel net dierften op den Hamilius goen.

An der Äntwert op d’Demande fir d’feministesch Marsch géing et heeschen, den Hamilius kéint méiglecherweis net benotzt ginn, well d’Proprietäre vun der Plaz, Immobiliëfirma Firce Capital, keng Manifestatioun bei sech wéilten. An deem Kontext wëll de Guy Foetz vum Schäfferot wëssen, ob d’Hamilius-Plaz eng ëffentlech Plaz wier iwwert déi d’Stad Lëtzebuerg kéint Decisiounen huelen oder net.

Back to Top
CIM LOGO