IechternachFënster vun Auto ageschloen a Wäertsaache geklaut

RTL Lëtzebuerg
Um Iechternacher Séi huet sech en Täter an der Nuecht op en Dënschdeg Zougang zu engem Auto verschaf.
© Police Luxembourg

Nodeems hien d’Fënster vum Gefier ageschloen huet, huet hien eng Posch aus dësem matgeholl. D’Police konnt hien awer kuerz duerno festhuelen an déi geklaute Saachen dem Besëtzer zeréckginn. Den Täter koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO