Invité vun der Redaktioun (27. Abrëll 2026)- Fernand Kartheiser"Ech hu keng Beréierungsängscht": ADR-Europapolitiker verdeedegt den Dialog mat Moskau

Annick Goerens
E Méindeg de Moie waren ënnert anerem Ungarn, Russland an d'EU en Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ungarn bleift och nom Viktor Orban konservativ. Et wiere keng lénk Parteie gewielt ginn. Dem Orban senger Partei, der Fidesz, wiere Reprochë vu Korruptioun gemaach ginn an "ech mengen no 16 Joer war bestëmmt och eng gewësse Middegkeet mat him an Ungarn", sot de Fernand Kartheiser.

D'EU huet keen Konzept fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen

Den ADR-Europadeputéierte war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet och nees den Dialog mat Moskau verdeedegt. Jiddereen, d'USA, Japan a China, géife mat Russland schwätzen. "D'Europäesch Unioun ass am Abléck déi eenzeg Regioun op der Welt, déi eenzeg, déi keen Dialog mat Russland huet."

D'EU huet am Ablack kee strategescht Konzept, fir den Krich an der Ukrain op een Enn ze bréngen: weder een diplomatescht, nach ee militärescht Konzept. Bannent der EU géingen d'Meenungen auserneegoen: de belsche Premier huet gesot, et misst een d'Relatioune mat Russland normaliséieren an d'EU-Baussenbeoptraagt Kaja Callas seet, et dierft een op kee Fall mat Russland schwätzen. Et géing einfach e Split ginn.

An hie wier den eenzegen, deen een Dialog mat Russland hätt, sou de Fernand Kartheiser. Mä dat wier informell, well et jo keen offiziellen Appui dofir géing ginn.

"Ech hu keng Beréierungsängscht"

Wou gesäit den EU-Deputéierten dann d'Grenz tëscht Dialog a Legitimatioun vun engem Regime, deen e Krich an der Ukrain féiert? Dorop äntwert de Fernand Kartheiser, dass et net de But vum Dialog wier, fir direkt diplomatesch Léisungen ze fannen. D'Essenz vun der Diplomatie wier nämlech mat jiddwerengem ze schwätzen a Kompromësser ze sichen. Déi aner Säit kéint dat natierlech zu propagandisteschen Zwecker benotzen, mee dat wier keen Argument, fir en Dialog net ze féieren.

Hien hätt do keng Beréierungsängschte sou den Invité. Lëtzebuerg géifen diplomatesch Léisungen och besser zu Gesiicht stoe wéi militärescher. An de Grand-Duché hätt och ëmmer gutt Relatioune mat Russland gehat.

No senger Moskau-Rees gouf den ADR-Deputéierten aus der rietser ECR-Fraktioun erausgehäit. Hie géing sech net isoléiert fillen, well hie bannent zwou Wochen zwou aner Offeren hat, fir an een anere Grupp eranzegoen. Am ganzen hätt hien elo dräi Offeren um Dësch leien, mä hie wier fir den Ament mol léiwer onofhängeg. Da kéint hien och diplomatesch Initiativen huelen, wéi hie se fir richteg fënnt.

Europa muss mat enger vernënfteger Stëmm schwätzen

De Fernand Kartheiser steet och fir méi Souveränitéit an der EU. Wann een zesummen op EU-Niveau keng gutt Politik hikréich, da misst een als Land eben eleng kënnen handelen. Et géinge Beräicher ginn, wou ee misst zesummeschaffen, notamment d'Ekonomie, well weltwäit wier ee soss ze kleng. An d'EU misst och erkennen, dass een ëmmer méi kleng gëtt: demographesch an industriell. "Mir brauchen, wa mer mat enger Stëmm schwätzen, eng vernënfteg Stëmm."

Wann een dann zum Beispill iwwer fossil Energie schwätzt, dann dierft dat net op eng ideologesch Manéier gemaach ginn. D'EU-Ekonomië wieren zu iwwer 80 Prozent vu fossillen Energien ofhängeg. A mat där Realitéit misst ee liewen an net Green Deal asw., wou ee just op erneierbar Energië setzt, déi net zouverlässeg a relativ deier wieren. Et géing ee Sanktioune géint Russland maachen, déi d'EU och nach vun der Energie ofschneit an donieft hätt ee Problemer mam Iran an dem Blockage vun der Strooss vun Hormus. Et géing ee sech komplett vun den USA ofhängeg maache punkto Energie. Dat wier och net gutt, sou den Fernand Kartheiser.

D'EU sinn déi eenzeg, déi net mat Russland schwätzen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO