D'Police deelt matFestnam no brutalem Iwwerfall, Déifstall zu Ëlwen a Sträit zu Esch-Uelzecht

RTL Lëtzebuerg
Nodeems an der Nuecht op e Méindeg e Mann zu Roumecht mat engem Messer menacéiert an iwwerfall gouf, konnt d'Police dee presuméierten Täter ermëttelen.

Dëse gouf e Méindeg am Nomëtteg op Uerder vun enger Untersuchungsriichterin festgeholl an déi geklaute Géigestänn goufe saiséiert. Nodeems de Mann en Dënschdeg vun der Untersuchungsriichterin gehéiert gouf, koum hien op Suessem an Untersuchungshaft.

Géint 13.30 Auer en Dënschdeg de Mëtteg hat e Mann zu Ëlwen sech Zougang zu engem Haus verschaaft, andeems hie virginn hat, Sue fir eng wueltäteg Organisatioun ze sammelen. Wéi hien am Haus war, hat hien d’Bewunnerin no enger Fläsch Waasser gefrot. Wéi dës doropshin an de Keller gaange war, fir eng Fläsch sichen ze goen, hat de Mann hire Portmonni agestach a war geflücht.

Kuerz no Mëtternuecht e Mëttwoch de Moie gouf der Police da gemellt, dass e Mann no engem Sträit d’Fënster vun engem Café an der Rue Simon Bolivar zu Esch-Uelzecht zerstéiert hat. Eng Patrull vun der Police hat kuerz drop e Mann ugetraff, op deen d’Beschreiwung vun deem potentiellen Täter gepasst huet.

Dëse war staark alkoholiséiert an huet opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt. Hie gouf vun engem Dokter kontrolléiert an duerno am Arrest ënnerbruecht.

Hei fannt Dir Rotschléi, fir Iech virun engem Bedruch ze schützen!

Back to Top
CIM LOGO