D'Police deelt matFestnam no Iwwerfall op eng Tankstell, Vandalismus an en Ugrëff mat engem Hummer

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut de presuméierten Déif ze paken, deen an der Nuecht op e Mëttwoch d'Pompelstatioun an der Rue du Dix Septembre zu Wolz iwwerfall huet.
© RTL Grafik

De Mann hat d’Mataarbechter mat engem Messer menacéiert, d’Keess eidel gemaach a sech dunn duerch d’Bascht gemaach. Et war kengem eppes geschitt. Eng éischt grouss Sichaktioun hat kee Succès, ma d’Identitéit vum presuméierten Täter konnt kuerz duerno erausfonnt ginn, ewéi d’Police mellt.

De 17 Joer jonke Verdächtege konnt e Mëttwoch vu Policebeamte gestallt ginn. De Parquet vun Dikrech huet eng Enquête géint de Mann ageleet, wéinst arméierter Erpressung an engem bewunnten Haus.

De presuméierten Täter koum op Dräibuer an hat en Donneschdeg de Moien Rendez-vous virum Untersuchungsriichter um Dikrecher Geriicht.

Um fréie Moie vum 15. Dezember krut d’Police dann nach eng Persoun gemellt, déi zu Esch-Uelzecht randaléieren an Autoen an d’Fënster vun engem Café beschiedege géif. D’Poliziste konnten de Mann schliisslech an der Rue d’Audun ermëttelen. Hie gouf an den Arrest placéiert.

Géint 2.25 Auer an der nämmlechter Nuecht gouf der Police dann eng Kläpperei an der Avenue Charlotte zu Déifferdeng gemellt. Hei hat eng Persoun e Grupp vu 4 Männer aus bis ewell nach onbekannter Ursaach mat engem Hummer attackéiert an ee vun hinne blesséiert.

Eng Patrull vun der Police hat den Ugräifer festgeholl an duerchsicht. E Messer, dat dobäi fonnt gouf an den Hummer goufe saiséiert an de Mann koum an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO