Zu EttelbréckFestnam no Rebellioun géint Polizisten

Tom Nols
Zu Ettelbréck hat sech e Mëttwoch de Moien e Mann de Batti gestallt a Beamte bedreet. Um Enn war et d'Festnam an e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Well en sech därmoossen donieft beholl hat, ass zu Ettelbréck e Mann festgeholl ginn.
© Laurent Weber

E Mëttwoch de Moie war d'Police puermol bei eng Wunneng an der Groussgaass zu Ettelbréck geruff ginn. E Mann hat sech do ëmmer rëm virun der Wunneng vun enger Fra opgehalen. Beim éischten Asaz haten d'Polizisten de Mann no dobäi ugetraff. Nodeems him perséinlech Géigestänn aus der Wunneng iwwergi gi waren, hat hien d'Opfuerderung kritt, fort ze goen.

Wéineg méi spéit war en allerdéngs rëm do, fir dunn d'Agangsdier ze beschiedegen, fir an d'Wunneng eran ze kommen. An der Suite hat de Mann sech de Beamte géintiwwer onkooperativ gewisen, se beleidegt an hinne gedreet. Wéi en dunn och nach staarke Widderstand geleescht hat, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl an den Dag drop dem Untersuchungsriichter virgeféiert.

Am Kader vun enger Sécherheetskontroll war bei Mann eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt ginn. Entspriechend Protokoller sinn ausgestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO