
Nämlech fir konkret Mesuren ze huelen, fir de Fall, wou de Finanzsystem duerch eng Kris um Immobiliëmarché an d'Bredouille kéim. Déi Mesurë bezéie sech op d'Konditiounen, ënnert deene Privatleit e Kredit accordéiert kënne kréien. CSV, déi Lénk, d'Piraten an ADR hunn net mat Kritik gespuert.
D'Finanz-a Bankenopsiicht kann dës sougenannt ''macroprudentielles'' Mesuren nëmmen ënnert ganz spezifesche Konditiounen an no Récksprooch mat der Lëtzebuerger Zentralbank huelen, ewéi de Rapporter vum Text, den DP-Deputéierten André Bauler erkläert huet: ''Dat well, fir et riicht eraus ze soen, d'Präisentwécklung um nationalen Immobiliëmarché bedenklech Ausmoosse kréich, an d'Stéit, respektiv d'Privatpersoune géife riskéieren, d'Schold, déi se sech opgelueden hunn, net méi zeréckbezuelen ze kënnen.''
D'CSSF kritt elo de Pouvoir, deen Zenario ze antizipéieren. An zwar mat Mesuren, déi d'Konditioune fir e Prêt fir eng Immobilie ze kafen, festleeën. Gekuckt géifen hei ënnert anerem de Wäert vum Objet, den Revenu annuel total disponible an d'Dauer vum Prêt.
Der CSV sinn d'Reegelen ze streng a virun allem géifen déi Mesuren déi kleng Leit an de Mëttelstand belaaschten. Den Deputéierte Gilles Roth: ''Mir kënnen dat do alles an d'Lächerlecht zéien, mä wa mir och nach zwee Enseignanten huelen, déi herno och nach vläicht Kanner kréien, da sëtzen déi an engem Appartement vu 95 Quadratmeter, wat se herno och nach kënne lounen, an do sinn zwou Kummeren dran. Abee, wann d'Kanner duerno d'Hausaufgabe maachen, da maache se déi zu zwee an hirem Zëmmer. An déi zwee Enseignanten, déi verbesseren d'Prüfung an hirer Kichen oder Dësch am Living.''
Eng Faillite fir d'Regierung, esou de Gilles Roth. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen schléisst sech un: ''Mir wäerten also mat dësem Gesetz nach d'Leit zousätzlech forcéieren, an d'Ausland wunnen ze goen oder warscheinlech och an Zukunft an d'Ausland Prêten ophuelen ze goen.''
De Franz Fayot vun der LSAP kontert: ''Dass den Accès op eng Proprietéit fir déi meescht Mënschen an eisem Land ëmmer méi schwéier gëtt, huet näischt mat dem Accordéiere vu Kreditter ze dinn, mä eenzeg an eleng mat engem iwwerhëtzten Immobiliëmarché.''
Richteg seet den David Wagner vun déi Lénk, mä da géif sech dat Gesetz mat de falsche Froe beschäftegen: ''D'Leit musse sech iwwerschëlden. Firwat? (...) Well keen Instrument do ass, fir de Marché ze reguléieren. Eng Regierung déi dat net mëscht, ass eng gescheitert Regierung.''
De Finanzminister Pierre Gramegna wollt dat net op sech sëtze loossen a mécht der Oppositioun de selwechte Reproche, nämlech d'Fro vun enger méiglecher Immobiliëblos falsch unzegoen: ''Et ass warscheinlech wouer, ze soen, dass mer à court terme keng hunn. A mat deem heite Gesetz wäerte mir sécherstellen, dass et och esou bleift.''
Iwwerdeems hätten déi meeschten europäesch Länner schonn esou en Instrument, betount de Finanzminister.