Invité vun der Redaktioun (7. Januar) Gilles Roth"Schaffe muss sech och lounen"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war déi geplangte Steierreform Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Gilles Roth
E Mëttwoch de Moie war déi geplangte Steierreform Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

De Staat mëscht sech steierrechtlech net méi an d’Liewenssituatioun vun de Leit an, seet de Finanzminister Roth am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien iwwer d’Steierreform 2028, déi jo en Dënschdeg presentéiert gouf.

Et wär eng Gesellschaftsreform, déi de gesellschaftleche Realitéite vun haut géif Rechnung droen. 75% vun de Koppele ginn zu zwee schaffen. De Staat géif an Zukunft déi Leit ënnerstëtzen, déi schaffe ginn. “Schaffe muss sech och lounen”, sou de Gilles Roth.

Keng zäitlech Begrenzung amplaz Iwwergangsphas vu 25 Joer?

Déi bestuete Koppele wou een de Gros vum Revenu erabréngt, ginn haut steierlech bevirdeelegt. Den aktuelle Steiermodell ass aus de 60er Jore, wou de Staat ënnerstëtzt, datt ee schaffe geet an een doheem bleift. Och mat der Reform sollen déi Koppelen net méi schlecht ewech kommen. Dowéinst ass eng Iwwergangsphas vu 25 Joer ugeduecht fir vun der Steierklass 2 an déi néi eenheetlech Steierklass U ze falen. Kee soll jo eppes verléieren a fir datt dat wierklech gëllt, kéint de Gilles Roth sech och keng zäitlech Limitatioun virstellen, datt d’Steierklass 2 also auslafe gelooss gëtt. Et misst ee kucken, ob dat rechtlech méiglech wär. Mä hie géif sech deem net widdersetzen, mä géif sech souguer driwwer freeën”, huet de Finanzminister ënnerstrach.

D’Steierreform wäert gutt 850 Milliounen Euro d’Joer kaschten a wäert net komplett géigfefinanzéiert ginn. Se kënnt net zum Nulltarif. “Dat kréien ech net hin”, huet de Finanzminister zouginn. Mä an der Politik misst een och heiansdo Courage hunn. Dës Steierreform wär scho laang ugeduecht. Déi 3 lescht Regierungen haten se am Regierungsprogramm stoen. “Mir liwweren”, sou de Gilles Roth.

Keng Ännerung beim Spëtzesteiersaz

2022 an der Oppositioun huet sech de Gilles Roth nach fir méi en héije Spëtzesteiersaz ausgeschwat. Elo wär hien awer Minister vun enger Regierung an hätt sech un de Regierungsprogramm ze halen. An et wär nu mol ofgemaach, datt dës Regierung net un de Spëtzesteiersaz geet. Seng perséinlech Iwwerleeunge missten hei enger “Regierungsraison” hannendru stoen.

E Mëttwoch de Moie war déi geplangte Steierreform Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO