Etüd vun der ASTMFinanzplaz weist ze wéineg Efforten am Ëmgang mat Mënscherechter

RTL Lëtzebuerg
Den Engagement vum Lëtzebuerger Finanzsecteur am Beräich vun de Mënscherechter géing net wäit genuch goen. Zu dëser Conclusioun kënnt d’ASTM.

An enger Etüd huet d’Action solidarité tiers monde ëffentlech zougänglech Dokumenter vun Institutiounen an Associatiounen ausgewäert a gesinn nach Verbesserungspotential.

Ëmgang mat Mënscherechter Lëtzebuerg / Rep. Sabrina Backes

De Finanzsecteur hätt bis elo relativ vill gezéckt, fir sech ze positionéieren, wéi se zum Thema Mënscherechter stinn. D’Etüd vun der ASTM weist, datt nëmmen 3 vun 22 Acteuren iwwerhaapt géingen op Mënscherechter agoen. D’Nadine Haas vun der ASTM:

“Mir hu gesinn, dass déi wéinegst sech iwwerhaapt dozou positionéieren, a wann da bleiwe si op engem fräiwëllegen Niveau, dat heescht si positionéiere sech net dozou, dass ee soll verflichtend no de Mënscherechter an den Aktivitéite vum Secteur kucken.”

Bei de Mënscherechter bezéie si sech op d’"Principes directeurs des Nations Unies relatifs aux entreprises et aux droits de l’homme”. Keng eenzeg vun den analyséierten Entreprisë bekennt sech spezifesch zu de Prinzippien.

An der Etüd ginn et och eng Rei Fallstudien, déi e Lien opweisen tëscht Finanzacteure mat Sëtz zu Lëtzebuerg a Mënscherechtsverletzungen a China, Palestina a Latäinamerika. E Beispill heifir ass, dass Lëtzebuerger Investitiounsfongen an déi chineesesch Entreprise Tencent investéiere géingen. De Cédric Reichel vun der ASTM:

“Tencent ass eng chineesesch Firma, en Internet-Ris, deen ënner anerem eebe WeChat besetzt. WeChat ass de chineesesche Pendant zu WhatsApp. An et ass dokumentéiert vu Human Rights Watch, dass duerch d’Donnéeën an d’Daten, déi vu WeChat erausgi ginn, do wou d’Uigure wunnen, eben massiv Mënscherechtsverletzungen duerch déi tracéiert Donnéeë méiglech sinn.

D’Action solidarité tiers monde huet konkreet Fuerderungen. Si setze sech fir ee Gesetz an, d’Nadine Haas: “Mir brauchen ee Gesetz, dat d’Entreprisë verflicht, fir ze kucken, ginn et a mengen Aktivitéiten, menge Servicer oder Produiten, déi ech ubidden, Risike fir Mënscherechter? A wann et awer zu enger Mënscherechtsverletzung kënnt, wat kann ech maachen, fir déi betraffe Persounen ze entschiedegen?”

D’Anhale vun dësem Gesetz sollt dann och kontrolléiert gi vun Institutiounen, déi fir d’Kontroll a Regulatioun zoustänneg sinn. Am Grousse Ganze sollt de Lëtzebuerger Finanzsecteur méi Responsabilitéit iwwerhuelen. D’ASTM réit de concernéierten Associatiounen sech weiderzebilden an hire Membere méi streng Krittäre virzeginn, wat de Respekt vu Mënscherechter a Nohaltegkeet ugeet. Och hei sollt dann d’Ëmsetzung kontrolléiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO