Komplett Lëschte ginn net duerFir d'Chamberwale braucht een nieft Kandidaten och Ënnerschrëften

Marc Hoscheid
Um Donneschdeg ass dee leschten Dag, op deem d'Parteien hir Lëschte fir d'Chamberwalen den 8. Oktober um zoustännege Bezierksgeriicht deponéiere kënnen.

An deene 4 Bezierker sinn am Ganze 60 Plazen ze besetzen. Ma esouguer wann ee komplett Lëschte presentéiert, heescht dat net, datt een och bei de Walen untrieden duerf.

Fir d’Chamberwale braucht een nieft Kandidaten och Ënnerschrëften

Spéitstens 60 Deeg virun de Wale mussen d’Kandidatelëschte deposéiert ginn. Am Zentrum beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg, am Norde beim Bezierksgeriicht Dikrech, am Süde beim Friddensgeriicht zu Esch an am Osten op enger Plaz an der Gemeng Gréiwemaacher, déi vum President vum Stater Bezierksgeriicht definéiert gëtt. Beim Depot vun de Lëschte muss een entweder d’Ënnerschrëfte vun 100 Wieler, vun dräi Gemengeconseilleren oder vun engem Deputéierte presentéieren. Viraussetzung ass, datt déi 100 Persounen och an deem Bezierk als Wieler ageschriwwe sinn, respektiv d’Conseilleren oder den Deputéierten an deem Bezierk gewielt goufen.

Wéi enger Partei den Deputéierten ugehéiert, spillt keng Roll. Et kann een also och fir d’Lëscht vun der eegener Partei ënnerschreiwen. Dat heescht, déi Parteien, déi Vertrieder aus all Bezierk an der Chamber hunn, si vis-à-vis vun deenen aneren am Virdeel. Fir kleng Parteien oder politesch Beweegungen ass et nämlech deels guer net evident, fir 100 Ënnerschrëfte pro Bezierk beieneen ze kréien. E bëssi méi liicht gëtt dat allerdéngs doduerch, datt ënnert deenen 100 Leit och déi eege Kandidaten duerfe sinn. Virausgesat, datt d’Kandidaten och an deem Bezierk ugemellt sinn. Anescht wéi d’Wieler duerfe sech d’Kandidaten hire Bezierk jo eraussichen. Wéi genee dat iwwerpréift gëtt, hänkt vum jeeweilege Geriicht of. Zu Dikrech solle se dëst Joer zum Beispill méi streng gewiescht sinn.

Dem Artikel 135 vum Walgesetz no mussen op der Lëscht den Numm, d’Virnimm, de Beruff an de Wunnuert vun all Kandidat separat opgefouert ginn. Wann d’Eligibilitéit vun engem Kandidat zweiwelhaft ass, kann de President vum Haaptwalbüro vun deem Bezierk de Parquet d’urgence domadder beoptragen ze iwwerpréiwen, ob all d’Konditioune vun der Eligibilitéit erfëllt sinn. D’Kandidaten erkläre sech hirersäits duerch eng ënnerschriwwen Deklaratioun domadder averstanen, datt si an deem Bezierk untrieden. Bei de Walen 2018 war et jo zu der cocasser Situatioun komm, datt vill vun deene Leit, deenen hiren Numm op de Lëschte vun der politescher Grupp “Demokratie” stoung, guer net kandidéiere wollten. Vun där Beweegung huet een dono bekanntlech näischt méi héieren.

Back to Top
CIM LOGO