
An der Stad ass um 17 Auer eng “Marche féministe”, mat Depart um Hamilius.
Vun en Dënschdeg un ass och d’Fraerechtskommissioun vun de Vereenten Natioune beieneen. Zwou Woche laang gi Verstéiss géint d’Fraerechter, virun allem am Iran an am Afghanistan, thematiséiert.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres sot zum Optakt, datt een nach 300 Joer vun enger reeller Gläichstellung tëscht Mann a Fra ewech wier.