
Op de soziale Medien huet d’Police Erklärungen zu enger vun hire Praxisse ginn, déi wärend Kontrolle bei villen Automobilisten eng Rei Froen opwërft. Ëmmer rëm gesäit et aus, wéi wa Beamten eng Foto vum Auto géinge maachen. Allerdéngs gëtt de Smartphone vun de Polizisten net fir d’Fotograféiere vum Gefier, mä fir d’Scanne vun der Plackennummer genotzt.
Iwwert eng sécher App op den Déngschthandye kënnen d’Beamten de Won kontrolléieren, ouni d’Donnéeë per Funk un d’Zentral musse weiderzeginn. Wéi et vun der Police heescht, géing dës nei, modern a méi séier Method hinnen Zäit spueren an iwwerflësseg Demarchen evitéieren. Donieft ginn aner Departementer doduerch entlaascht, déi sech dann op aner Aufgabe konzentréiere kënnen.
Doriwwer eraus ginn et Situatiounen, an deenen et néideg ass, Fotoe vun engem Gefier ze maachen, wéi zum Beispill bei engem Accident, fir de Schued an déi gesamt Zeen ze dokumentéieren.