
Ënnert anerem duerch eng finanziell Ënnerstëtzung. E Projet, dee scho laang an der Diskussioun ass, awer nach ëmmer net ëmgesat gëtt. Firwat?
Nach d’lescht Woch sot den neie Gesondheetsminister Etienne Schneider, LSAP, op RTL Telé, datt Dokteren, déi eng Gemeinschaftspraxis zu véier oder méi grënnen, eng Prime vun 10.000 Euro pro Dokter kréien. Bis elo wier awer nach keen Ofkommes ënnerschriwwe ginn, seet de President vum Cercle vun de Generaliste Fränk Kirsch.
Mir hunn e Cahier de Charges zesummenausgeschafft, deen awer nach net zesummen um Pabeier festgehale ginn ass, wou mer nach net den Detail genee festgehalen hunn. A mir hunn de Financement an der Durée net, dofir kënne mer do net onbedéngt eppes momentan direkt esou matdroen an och grouss Publicitéit dofir maachen, well et fir eis nach net ausgereift ass.

D’Generalisten erwaarde sech eng Upassung vun der Nomenclature, duerch déi d’Gemeinschaftspraxissen och à long terme finanzéiert ginn. Bis elo wier een awer nach net mat der Gesondheetskeess op e gréngen Zweig komm. De Projet vun den Doktere gesäit vir, datt d’Gruppepraxe vun aacht Auer Moies bis hallwer Aacht Owes riicht duerch an och samschdes moies vun aacht bis 12 op hunn. Mam aktuelle Kader wier dat nach schwiereg, seet de Fränk Kirsch. De Generalist schafft selwer mat dräi Dokteren an engem Cabinet zesummen – de ganzen Dag kéint een den Ament awer nach net ophunn.
Mir missten éischter zu 5 sinn fir déi Charge de travail ze geréieren, dat heescht fir vu Moies bis Owes opzesinn mat engem Gardeplanning, mat engem Vakanzeplanning. A mir misste Personal astellen fir dat do hinzekréien. Fir dat eng Praxis iwwert d'Mëttesstonn op ass muss de een do setzen hunn am Accueil, wanns de eng Gruppepraxis sur Site hues, soss geet dat net, soss lafen d'Leit eran an eraus ouni Surveillance.
Nieft de Gruppepraxissen op engem Site proposéieren d’Dokteschvertriedungen AMMD a CMG iwwerdeems Gemeinschaftspraxissen am Reseau – hei géifen dräi oder méi Dokteren iwwert Cloud Computing à distance zesummeschaffen. D’Doktere fuerderen, datt och dës Gemeinschaftspraxissen och finanziell ënnerstëtzt ginn.
Uganks Mee sollen d’Vertrieder vun den Doktere mat de Gesondheets- a Sozialministeren zesummekommen, fir ënnert anerem d’Gruppepraxissen ze thematiséieren.