SOS Détresse - Hëllef iwwer TelefonFirwat sech anonym bei engem Friemen opmaachen dacks méi einfach ass

RTL Lëtzebuerg
Den anonymme Berodungsdéngscht SOS Détresse hat an der Corona-Kris zäitweis bis zu 50% méi Zoulaf wéi soss.
SOS Détresse - Hëllef iwwer Telefon
Den anonymme Berodungsdéngscht SOS Détresse hat an der Corona-Kris zäitweis bis zu 50% méi Zoulaf wéi soss.

SOS Détresse hëllefen deene Matbierger, déi Rot sichen, sief et an enger akuter Kris oder wa se aner Problemer a Suergen hunn. Onkomplizéiert an diskret, iwwer Telefon an online.

Eng Missioun fir en oppenen a vertraulechen Austausch an dofir natierlech och anonym. An dat gëllt fir béid Säiten. Dowéinst ass den Temoignage am Reportage am Magazin dann och anonym an och d'Lokalitéite vun SOS Détresse ginn net gewisen.

Eng 3.000 Appeller kréie si an der Moyenne d’Joer, ma bis Enn September louch d’Zuel scho bei 2.899 Uriff, dëst Joer ass d'Demande deemno nach méi héich wéi soss. Vill Aarbecht fir déi 40 Benevole, se kéinten der méi gebrauchen. Wéi relevant an noutwenneg hir Missioun awer net nëmmen, ma grad zu Zäite vun enger Pandemie ass, gesäit een am Reportage, wou eng vun de Benevollen erzielt, wéi si dës Zäit erlieft huet.

Weider Informatiounen iwwer de Benevolat oder d'Berodung fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO