
Géint 7 Auer war zu Keel e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn. Well den Automobilist sech nom Accident duerch d’Bascht gemaach huet, sicht d’Police elo nom Chauffer.
Wien d’Accident gesinn huet oder Informatiounen iwwert de Chauffer huet, ass gebieden, sech um 113 ze mellen, oder dem Policebüro vun Esch ënnert der Nummer (+352) 244 50 1000 a per Mail u police.esch@police.etat.lu.