Grouss Galerie onlineFOTOE vun der 54. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech war d'Dikrecher Kavalkad fir de 27. Februar geplangt. Si gouf awer wéinst der Pandemie op den 8. Mee geréckelt.

Déi Decisioun war am Dezember gefall.

54. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad
Eigentlech war d’Dikrecher Kavalkad fir de 27. Februar geplangt. Si gouf awer wéinst der Pandemie op den 8. Mee geréckelt.

De Cortège mat 46 Ween huet sech op de Wee duerch d’Dikrecher Stroosse gemaach. Obwuel den Datum fir eng Kavalkad éischter ongewinnt ass, sinn och dëst Joer nees dausende Leit derbäi gewiescht, fir hei bei beschtem Wieder ze feieren.

Nei waren dëst Joer déi sougenannte “Family places”, 2 Plazen an Dikrech, déi strategesch esou placéiert goufen, dass d’Leit gutt dohin an och nees fort kommen, ouni duerch d’Mënschemass mussen ze goen. Op deene Plaze gouf et dann och an engem gewëssen Ëmkrees keen Alkohol ze kafen. Dat huet ee gemaach, fir d’Kanner ze schützen a fir dass d’Famillen a Rou de Cortège kënne kucken, esou de Sandro Di Mola, President vum Organisatiounscomité.

Trafic-Info

Wéinst engem Chantier kann den Zuch tëscht Ettelbréck an Dikrech net fueren, amplaz goufen awer Navetten en place gesat, déi am 5-10 Minuttentakt wärend de Stousszäite fueren.

All nëtzlech Informatiounen op www.cavalcade.lu

Back to Top
CIM LOGO