
En Automobilist war vun der Rue Arthur Useldinger an d'Rue François Cigrang ofgebéit. Well do eng Rietsvirfaart war, hat de Chauffer net gesinn, dass deen Ament och e Foussgänger mat engem Kand op där Plaz iwwert d'Strooss gaangen ass.
Den Automobilist krut de Foussgänger ze paken, dee mam Kand un der Hand op de Buedem gefall ass. Si goufen allen 2 liicht verwonnt a koumen an d'Spidol. De Chauffer vum Auto gouf net verwonnt. Et gouf protokolléiert.