
Wéi d’Police matdeelt, wollt de Foussgänger grad iwwert den Zebrasträife goen, wéi en Auto, dee vu Bieles aus ënnerwee war, en iwwersinn huet. Déi blesséiert Persoun war net méi uspriechbar a gouf no enger éischter medezinescher Versuergung op der Plaz an d’Spidol bruecht.
De Chauffer vum Auto war net blesséiert ginn, stoung awer ënner Schock a gouf vun der Rettungsekippen op der Plaz versuergt. Am Asaz waren, wéi den 112 mellt, de Samu aus der Stad, grad ewéi d’Rettungsdéngschter vun Esch a Monnerech.
De Rond-point an d’Route d’Esch ware wärend de Rettungs- a Biergungsaarbechte fir de kompletten Trafic gespaart.
Zu engem weidere Blesséierte koum et kuerz no 20 Auer, wéi zwee Autoen um CR164 tëscht Schëffleng a Féiz net laanschtenee koumen. Am Asaz waren d’Ambulanciere vun Esch an d’Pompjeeë vu Schëffleng.
En Donneschdeg de Moie war géint 7.15 Auer zu Esch-Uelzecht an der Rue Burgronn en Auto op d’Kopp gaangen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun Esch waren och hei op der Plaz.