An der StadFoussgänger op der Place de la Gare ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 13 Auer krut en Automobilist e Foussgänger op der Place de la Gare ze paken, wéi dësen iwwert d'Strooss wollt goen.
© RTL Archiv

De Samu aus der Stad, grad ewéi d’Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz an hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert, déi mat Verletzungen an d’Spidol koum.

Géint 14.15 Auer hat et um Keeler Potto tëscht zwee Autoe geknuppt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vun Esch-Uelzecht an d’Pompjeeë vu Keel waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO