Am LokalenFoussgänger ugestouss an Auto a Gruef geroden

RTL Lëtzebuerg
Zwee Blesséierter mellt de CGDIS e Mëttwoch den Owend am Stroosseverkéier.
© RTL-Archiv

Kuerz no 18 Auer ass en Automobilist zu Viichten mat sengem Gefier am Gruef gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et um 18.52 Auer zu Péiteng. Hei gouf ee Passant vun engem Auto ugestouss.

E weidert Accident gouf et op der N18 tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff. En Automobilist ass hei aus bis ewell net gekläerte Grënn mat sengem Won accidentéiert, eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO