
Zu Péiteng an zu Esch goufen e Freideg de Moien nees zwee Foussgänger ugestouss a blesséiert. Den 112 mellt dat. Et war all Kéiers no 8 Auer. Weider Detailer sinn net gewosst.
Op der A13 bei Fréiseng gouf et e Freideg de Moien kuerz viru 5 Auer en Accident. En Auto ass hei op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.