Aus dem LokalenFoussgänger zu Déifferdeng ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 17 Auer en Dënschdegowend war zu Déifferdeng an der Avenue Charlotte en 10 Joer aalt Kand ugestouss an och verwonnt ginn.
© CGDIS (Archiv)

Den Automobilist, deen nëmme lues ënnerwee war, konnt net méi mat Zäite bremsen. Den 10 Joer ale Bouf war hannert engem Bus eraus mat enger Trottinette op en Zebrasträife gefuer. D’Kand koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

De CGDIS mellt donieft nach en Accident vun en Dënschdeg den Owend zu Housen an der Industriezon Happerfeld. E Motorrad an en Auto krute sech kuerz no 19 Auer ze paken. De Motocyclist gouf um Aarm blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol. Beim Chauffer vum Auto war den Alkoholtest positiv. Et gouf kee Retrait vum Permis.

Zu Déifferdeng an der Rue de Hussigny huet eng Automobilistin eng Foussgängerin gesträift an ass hir iwwert de Fouss gefuer. Dës jonk Fra koum an d’Spidol. D’Automobilistin sot der Police, datt si d’Foussgängerin net gesinn hätt.

Den 112 mellt fir de Mëttwoch de Moien zwee Accidenter. Zu Krautem an der Beetebuerger Strooss si géint 7.30 Auer zwee Ween kollidéiert. Hei blouf et beim Materialschued.

Géint 7.40 Auer sinn tëscht Munneref a Biermereng zwee Autoen aneneegerannt. Hei notéiert de CGDIS zwee Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO