
Géint 19.45 Auer en Donneschdeg den Owend gouf e Motocyclist blesséiert, ewéi hien an der Rue Paul Noesen an der Stad gefall war. De Rettungsdéngscht an d’Ambulanz aus der Stad waren hei am Asaz.
Kuerz viru 7 Auer e Freideg de Moien gouf dann eng Persoun an der Rue de la Reconnaissance Nationale zu Nidderkäerjeng vun engem Auto ugestouss. Hei waren de Rettungsdéngscht vu Käerjeng an d’Ambulanz vu Péiteng am Asaz.
Um 8.40 Auer war um CR 306 tëscht Gréiwels a Groussbus en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert an de Rettungsdéngscht an d’Ambulanz vu Réiden waren op der Plaz.
Kuerz virun 9 Auer gouf eng Persoun blesséiert, ewéi zu Wecker an der Haaptstrooss en Auto accidentéiert ass. Hei goufen d’Rettungsdéngschter vu Manternach a Biwer an d’Ambulanz vu Mäertert an den Asaz geruff.
Schliisslech hate sech géint 13.50 Auer zu Esch-Uelzecht an der Lëtzebuerger Strooss 2 Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert an de Rettungsdéngscht vun Esch an d’Ambulanz vun Déifferdeng waren op der Plaz.