
Si wollt tëscht verschiddenen Autoen, déi bei enger rouder Luucht stoungen iwwer d'Strooss goen. Allerdéngs war keen Zebrasträifen do. Een Automobilist, dee vum Boulevard de Kockelscheuer no lénks an d'Rue Charles Darwin eragefuer ass, krut d'Foussgängerin ze paken. D'Fra ass blesséiert ginn a koum an d'Spidol.
An der Nuecht op en Donneschdeg koum et zu Housen nach zu engem weidere Virfall. Een Automobilist war hei opgefall, well e relativ sportlech ënnerwee war. Wéi d'Police de Mann gestoppt huet, gouf een Alkoholtest gemaach, dëse war positiv. Dobäi hat de Mann de Führerschäin schonns ofgeholl kritt an hat en nëmmen nach, fir op d'Aarbecht ze fueren.