Zu MierschFoussgängerin ugestouss, Chauffer vu Camionnette mécht sech aus dem Stëbs

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien, de 25. Oktober géint 7.20 Auer, gouf zu Miersch eng Foussgängerin ugestouss, wou si iwwert den Zebrasträife gaangen ass.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Den Accident ass op der Kräizung tëscht der Rue de la Gare an der Rue Grande Duchesse Charlotte geschitt. D’Fra gouf vun enger Camionnette ugestouss a blesséiert. Amplaz stoen ze bleiwen an Hëllef ze ruffen, huet de Chauffer vun der wäisser Camionnette sech awer duerch d’Bascht gemaach.

Et war d’Camionnette vun enger Firma, et ass awer den Ament net gewosst, wéi eng. D’Police sicht dowéinst elo no Zeien, déi den Accident gesinn hunn oder soss Informatiounen iwwert déi flüchteg Camionnette hunn. Si solle sech um Policebüro zu Miersch ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 90 1000 mellen, oder per Mail un police.mersch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO