
Op der A13 tëscht Altwies a Fréiseng krute sech e Freideg géint 17.15 Auer zwee Autoen ze paken, eng Persoun gouf blesséiert an de Samu war op der Plaz.
Ee weideren Asaz ass de Samu géint 18 Auer gefuer. Op der Route de Trèves tëscht dem Sennengerbierg an dem Findel gouf eng Foussgängerin vun engem Auto ugestouss a schwéier blesséiert, wou si iwwer d’Strooss wollt goen. No enger éischter Behandlung op der Plaz koum d’Fra an d’Spidol.
Eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf e e Freideg den Owend géint 21.15 Auer zu Hesper op der Route de Thionville, och hei gouf et ee Blesséierten.
E weidere Blesséierte gouf et géint 19.45 Auer an der Stad, um Boulevard de Verdun. Hei krut e Bus e Motosfuerer ze paken.