
Den Automobilist war weider gefuer, konnt awer kuerz drop ermëttelt ginn. Déi blesséiert Fra gouf vun de Rettungsdéngschter an d’Spidol bruecht.
Beim Chauffer ass den Alkoholtest zwar positiv ausgefall, allerdéngs ënnert dem erlaabten Taux, wouduerch de Permis net agezu gouf. E Constat iwwert d’Accident gouf erstallt.
Kuerz virun Hallefnuecht gouf zu Keel en Automobilist wéinst senger onsécherer Fuerweis kontrolléiert. Well hien ze vill gedronk hat, huet hie missen de Permis ofginn an et gouf eng Plainte géint hie gemaach.
Um 6.20 Auer koum et op der RN10 tëscht Mäertert a Gréiwemaacher bei der Autobunn zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren de Rettungsdéngscht vun Iechternach an d’Ambulanz vu Fluessweiler.