Um ZeebrasträifenFoussgängerin zu Diddeleng ugestouss, Fra gouf liicht blesséiert
Um Mëttwoch géint 18 Auer ass an der Route de Kayl eng Fra vun engem Auto ugestouss ginn.
Een Automobilist, deen aus Keel ënnerwee war, hat den Zeebrasträifen iwwersinn. D’Affer gouf beim Tëschefall liicht verwonnt.