EttelbréckFra gëtt schwéier vu Grupp Jugendlecher um Kapp blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An deem Kader mécht d'Police elo en Zeienopruff. Geschitt ass de Virfall en Donneschdeg de Mëtteg an der Avenue John F. Kennedy. Infoe si fir d'Police.

Méi genee gouf d’Fra vun engem Grupp Jugendlechen op der Héicht vun enger Tankstell attackéiert a blesséiert. Nom Affer gouf ënnert anerem eng Gasfläsch an aner Objete gehäit. D’Täter sinn no der Dot onerkannt a Richtung Ettelbrécker Gare gelaf.

D’Fra gouf schwéier um Kapp blesséiert a koum, nodeems si op der Plaz versuergt gouf, an d’Spidol.

An deem Zesummenhang sicht d’Police lo Indicen zu den Täter. Et handelt sech hei ëm e Grupp vun ongeféier 10 Persounen, Jongen a Meedercher, am Alter vu schätzungsweis 17 Joer.

All Indicen in Informatiounen, déi hei kéinten hëllefen, si fir de Policebüro Dikrech/Veianen, dat ënnert der Nummer (352) 244 80 1000 oder iwwer Mail op Police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO