ZeienopruffFra gouf e Freideg um Boulevard Roosevelt an der Stad ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 9.50 Auer hat e Camion eng Fra um Boulevard Roosevelt mat der Kräizung vun der Avenue de la Liberté ze paken. D'Fra gouf liicht blesséiert.

Fir elo déi genau Ursaach vum Accident ze klären, sicht d'Police no Zeien, méi genau enger Fra an engem Mann, déi den Accident gesinn hunn, awer net méi op der Plaz waren, wéi d'Policebeamten agetraff sinn.

D'Zeie solle sech bei de Beamte vum Kommissariat "Ville-Haute" mellen, dat op der Plaz, via Telefon um 244 21 1000 oder Mail u police.villehaute@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO