Zeienopruff vun der PoliceFra krut e Méindeg den Owend zu Diddeleng den Handy geklaut

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 18 Auer krut eng Fra an der Rue Norbert Metz zu Diddeleng vun engem Onbekannten den Handy aus dem Grapp gerappt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Den Täter ass no der Dot duerch d’Rue Henri Bessemer geflücht. Wéi d’Police an hirem Bulletin en Dënschdeg de Moie mellt, gouf nom Onbekannte gesicht, ouni Succès.

Beschreiwung:

De Mann ass ongeféier 1,70 Meter grouss a “stämmeg” gebaut. Hien hat eng däischterblo Reejackette, eng däischterblo Jeansbox, gro Schong an eng blo, chirurgesch Mask un.

Back to Top
CIM LOGO