Presuméiert FamilljendramaFra muss sech wéinst Mord un hirem 6 Méint ale Jong veräntwerten

RTL Lëtzebuerg
Um Dikrecher Geriicht huet e Méindeg am Nomëtten de Prozess ëm e presuméiert Familljendrama ugefaang.
© AFP (Archiv)

„Et war eng eendeiteg geplangten Handlung!“: Dat sot um Dikrecher Geriicht en Enquêteur vun der Police judiciaire am Prozess, wéinst Mord, géint eng haut 44 Joer al Fra. Hir gëtt virgehäit, am November 2015 hiren deemools 6 Méint ale Bouf ëmbruecht ze hunn.

Kandesmord / De Reportage vum Eric Ewald

De klenge Bouf ëmzebréngen, fir hiert Liewe vu virun deem senger Gebuert erëmzekréien, dorëms wär et der Ugeklote gaangen, huet de Polizist erkläert. 10 Deeg no där Gebuert hat si nämlech en Hiereschlag kritt an dem Jong d'Schold dofir ginn.

D'Beschëllegt hätt de klenge Bouf net als Wonschkand bezeechent an 3-4 Deeg no deem senger Gebuert erkläert, keng Bezéiung zum Kand kënnen opzebauen. Nodeems et zum Hiereschlag koum, wären Haassgefiller an hir entstanen, well de Bëbee Schold wär un hirem Misär, huet den Enquêteur ausgesot. D'Fra hätt hiert Liewe virum Kand als perfekt betruecht. Dono wär si an e Lach gefall an hätt psychiatresch Hëllef missen an Usproch huelen. 11 Deeg virun der fataler Dot hätt si am Internet Recherchë gemaach zum Doud vu Bëbeeën, genee wéi 4 an 3 Deeg virdrun. Zwou Woche virun der Dot hätt si och méi geléist geschéngt. Um Dag virdrun hätt si d'Kand ewell an Däitschland wëllen dout maachen, et dunn awer „net iwwert d'Häerz bruecht“.

Um fatalen Dag wär alles geplangt ofgelaf: Si hätt annerhallef Stonn virun der Dot weider Recherchen am Internet gemaach zum Thema, wéi een e Kand ëmbrénge kann, eng Stonn virdrun 10 Minutte laang probéiert, de Béifche mat engem Këssen z'erstécken, eng 3/4el Stonn virdrun nach emol, fir en du géint 11 Auer moies z'erwiergen. Si wär du mat der Läich am Auto fortgefuer, hätt déi an d'Waasser geluecht, sech selwer mat engem Messer blesséiert an ënner anerem den 112 an den 113 ugeruff, fir ze soen, si wär an hirem Auto iwwerfall, hire Jong aus sengem Maxi-Cosi eraus entfouert a si verwonnt ginn. Allerdéngs war Beamten op der Plaz opgefall, dass d'hënnescht Diere vum Auto zou waren! Mat Onstëmmegkeete konfrontéiert, hätt si d'Dot am Nomëtten zouginn, ganz roueg, net hysteresch. Dono hätt et nach eng Zäit gedauert, bis si sot, d'Läich an d'Wäiss Iernz nieft eng Bréck geluecht ze hunn, eng Läich, déi bal 8 Stonnen no der Dot fonnt gouf. D'Fra selwer hätt zu engem gewëssene Moment eng Onzourechnungsfäegkeet an d'Diskussioun bruecht. Hien hätt awer beispillsweis ni gelies, sou de Polizist, dass d'Dot hir géif leed doen.

Um Méindeg huet d'Fra, déi am Centre hospitalier neuro-psychiatrique zu Ettelbréck an Untersuchungshaft ass, och ganz wéineg Reegunge gewisen.

Dëse Prozess geet um Donneschdeg virun.

Back to Top
CIM LOGO