
Kuerz no 12 Auer ass eng Automobilistin aus bis ewell net gekläerte Grënn tëschent Steenem an Iechternach vun der Fuerbunn ofkomm an an e Bam gerannt. Si gouf uerg verwonnt. Eventuell Aenzeie solle sech bei der Police zu Iechternach mellen um (+352) 244 72 1000 oder per Email op police.echternach@police.etat.lu.
An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police tëscht 23 an 3.30 Auer vum Parquet ordonéiert Alkoholkontrollen zu Ell, Réiden a Biebereg gemaach. Am Ganze goufen 226 Automobiliste getest. 7 Leit haten ze vill gedronk, 3 Mol war de Permis fort.