Esch/UelzechtFra vun Automobilist um Zebrasträifen ugestouss an uerg um Becke blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Route de Luxembourg op der Héicht vun engem Akafszenter koum et e Samschdeg géint 18 Auer zu engem uergen Accident.

En Automobilist hat eng Fra, déi iwwert den Zebrasträif goung, ze pake kritt, woubäi si als éischt op de Capot vum Gefier an dono wittert d'Frontscheif geprallt ass, éier si op de Buedem gefall war. D'Fra war uspriechbar a koum an d'Spidol, well si schwéier um Becke blesséiert gouf. D'Police huet all d'Date vum Accident opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO