
Eng jonk Fra ass zu Bouneweg duerch d‘Rue de Wiltz getrëppelt, wéi een onbekannte Mann si vun hannen um Hals geholl huet an hir gedreet hutt, dass si géing mat engem Messer attackéiert ginn, wa si sech géing wieren. D’Fra huet dem Mann doropshin hiren Handy ginn. Den Täter ass dunn a Richtung Kierfecht fortgelaf.
Den Täter gëtt op ongeféier 20 Joer geschat. Hien huet Franséisch geschwat, hat eng hell Hautfaarf, eng Joggingsbox, eng Jackett an eng Kap un. All Informatioune si fir d‘Police.