LSAPFrancine Closener an Dan Biancalana kandidéiere fir Co-Presidence

RTL Lëtzebuerg
De 5. Mäerz wielt den Landeskongress vun der LSAP eng nei Parteispëtzt.
© LSAP.lu

D’Francine Closener an den Dan Biancalana si Kandidaten, fir d’LSAP-Presidence z’iwwerhuelen - dat hunn d’Zentrumsdeputéiert an de Süddeputéierten um Samschdeg de Mëtten op de soziale Medien annoncéiert.

Den Diddelenger Député-Maire Dan Biancalana leet d’Partei ewell am Interim, zanter den Yves Cruchten Fraktiounspresident gouf, als Successeur vum Georges Engel, deen de Poste vum Aarbechts- a Sportminister vum Dan Kersch iwwerholl hat.

D’Partei huet d’Kandidature fir de Landeskongress de 5. Mäerz och op hirer Internetsäit publizéiert. Deemno ginn et keng aner Kandidature fir d’Presidence vun der LSAP, déi no enger Statutenännerung fir d’éischte Kéier vun engem Binome iwwerholl soll ginn.

An de leschte Woche war ewell iwwert eng Duebelspëtzt Closener-Biancalana spekuléiert ginn, elo ass et dann offiziell.

Den Tom Jungen ass Kandidat fir seng eege Successioun als Generalsekretär, iwwerdeems d’Tina Koch fir Vizepresidentin kandidéiert an d’Christine Schweich fir hir eege Successioun als Tresorière.

Back to Top
CIM LOGO