Fir Autopsie ze maachenFranséische Politiker 47 Joer no sengem Doud exhuméiert

RTL mat AFP
Dem verstuerwene franséische Politiker Robert Boulin seng Läich gouf exhuméiert, fir eng Autopsie ze maachen.
D'Läich vum deemolegen Aarbechtsminister Robert Boulin war den 30. Oktober 1979 am Séi "l'Etange Rompu" zu Saint-Leger-en-Yvelines fonnt ginn, säin Auto war net wäit ewech vun der Plaz geparkt.
D'Läich vum deemolegen Aarbechtsminister Robert Boulin war den 30. Oktober 1979 am Séi "l'Etange Rompu" zu Saint-Leger-en-Yvelines fonnt ginn, säin Auto war net wäit ewech vun der Plaz geparkt.
© MARTIN BUREAU/AFP

47 Joer no sengem Dout goufen déi stierflech Iwwerreschter vum Robert Boulin exhuméiert an et et gouf och eng Autopsie gemaach, esou franséisch Medien dëse Sonndeg. Den deemolegen Aarbechtsminister war 1979 dout an engem Weier fonnt ginn. Deemools ass festgehale ginn, hien hätt sech d'Liewe geholl. Dat kontestéiert d'Famill vum Verstuerwenen awer bis haut.

Am Summer goufen d'Investigatiounen nees opgeholl. D'Autopsie, déi e Freideg gemaach gouf, soll elo déi genee Hannergrënn klären.

Am Oktober 2019 gouf den Doud vum Robert Boulin mat engem Schauspiller nogestallt. D'Läich vum deemolegen Aarbechtsminister war den 30. Oktober 1979 am Séi "l'Etange Rompu" zu Saint-Leger-en-Yvelines fonnt ginn, säin Auto war net wäit ewech vun der Plaz geparkt.
Am Oktober 2019 gouf den Doud vum Robert Boulin mat engem Schauspiller nogestallt.
© MARTIN BUREAU/AFP

Back to Top
CIM LOGO