BilanFrascht-Schued a Lëtzebuerger Wéngerten a Bongerten

RTL Lëtzebuerg
Den Agrar- a Wäibauminister Romain Schneider huet op eng parlamentaresch Fro vun dräi DP-Deputéierte geäntwert.
© RTL (Archiv)

De Frascht Ugangs Abrëll huet och fir Schied an de Lëtzebuerger Wéngerte gesuergt: Schued gouf et bei den Drauwen, déi fréi ausdreiwen, sou wéi Chardonnay, Muscat a Gewürztraminer, déi ronn 75 Hektar vun de Wéngerten ausmaachen. De Fraschtschued kann awer réischt fréistens Enn vum Mount chiffréiert ginn, sou den Agrar- a Wäibauminister Romain Schneider a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den 3 DP-Deputéierten Hartmann, Bauler an Baum.

Alles an allem maachen d’Miseler Wéngerten eng ronn 1.300 Hektar aus. Déi vun 270 Wënzer kultivéiert ginn, déi zum gréissten Deel och hir Parzelle géint de Frascht verséchert hunn.

Och am intensive Uebst-Ubau mat sengen 100 Hektar Bongerte goufe Schied duerch de Frascht gemellt, am meeschte betraff si Kiischten- an Bierebeem, déi mat oppener Bléi vun den Negativ-Temperature getraff goufen.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO