BionTech, Pfizer, CureVac: et gëtt iwwerall äifreg gefuerscht a getest. D'WHO zielt souguer am Ganzen 212 Projeten, wou un engem Vaccin geschafft gëtt. Eng ganz wichteg Variabel an deem Kontext ass de Stockage an d'Distributiounschaîne vum Impfstoff. An de „global player" a souguer Pionéier, wat déi medezinesch Kill-Chaîne ugeet - wien hätt dat geduecht - ass eng Lëtzebuerger Entreprise mat Sëtz an der Zone Industrielle op der Hei, zu Housen am Éislek.
Made in Luxembourg a gefrot iwwerall op der Welt. B Medical Systems sinn d'Spezialiste fir déi sougenannten Ultra-Low Freezeren, déi ganz flexibel kënnen agestallt ginn, bei enger Temperatur tëscht -20 a -86 Grad. Dëst sinn also ganz spezifesch Apparater, fir zum Beispill Blutt-Plasma, mënschlech Zellen oder Tissu oder verschidde Vaccinen ze stockéieren.
Ee groussen Avantage, erkläert eis den CEO, Luc Provost: "Aujourd'hui les gouvernements, le grand soucis qu'ils ont, c'est qu'ils ne savent pas à quel vaccin ils auront accès. Est-ce que c'est un vaccin de profil -80°C ou est-ce que c'est un vaccin de profil -20°C ou de +4°C. Et notre -80°C est le seul au monde est capable de congeler les vaccins à -80°C, mais également le même appareil pour les vaccins à -20°C. Donc les gouvernement prennent moins de risques en achetant B Medical."
Nieft dem Stockage kënnt et awer och op d'Kill-Chaîne un, déi fir de Vaccin muss assuréiert ginn.
"Une fois que vous le sortez du congélateur, là vous n'avez plus entre 5 et 10 jours, également dans une chaîne contrôlée à plus 5°C. Et donc nous livrons la solution complète: les congélateurs à -80°C, les frigos à +5°C, mais également les containers de transport que vous pouvez équiper avec de la carboglace pour transporter à -70°C ou bien avec des ice packs qui vous permettent de transporter à +4°C."
Och d'Transport-Frigoe gi vu B Medical Systems produzéiert. Dës sinn autonom a sinn esouguer op Distanz iwwerwaachbar.
"Tous nos équipements sont équipés de tracabilité en temps réel. Et donc d'un logiciel sur Google Maps vous savez voir exactement où se trouve votre congélateur, à quel temperatur il se trouve et quel est le fonctionnement de l'appareil. Et vous pouvez donc voir le nombre d'ouvertures, de fermetures de portes. Donc vous pouvez suivre en temps réel votre campagne de vaccination sur chaque appareil."
Wéi d'Entreprise Pfizer bis annoncéiert hat, dass hire Vaccin eng Effikassitéit vun iwwer 90 Prozent hätt, gouf net just de ganze Stock vun Ultra-low-Freezeren an den USA bannent e puer Stonne verkaf, ma och zu Housen hunn d'Telefone gerabbelt, erkläert den CEO Luc Provost.
"On a eu déjà une visite de l'ambassadeur Evans des Etats Unis, nous avons l'ambassadeur de la Belgique qui va nous rendre visite, nous avons eu une réunion avec le gouvernement mexicain en vidéoconférence, il y a 3 semaines c'était avec le gouvernement péruvien. Nous sommes aussi en étroite collaboration avec le gouvernement indonésien, donc il y a vraiment beaucoup de gouvernements qui s'adressent directement à nous pour avoir des conseils, parce que nous avons une expérience de plus de 40 années dans le domaine de la vaccination à grande échelle, à niveau national. Et nous avons plus de 130 partenaires dans le monde entier, qui sont en faite notre colonne vertébrale pour non seulement fabriquer/livrer, mais également distribuer ces appareils et les installer dans les pays."
Och d'Lëtzebuerger Regierung schafft mat B Medical Systems, fir d'Distributioun vum Vaccin zu Lëtzebuerg ze assuréieren. De gréissten Ultra-Low-Freezer vun 900 Liter kascht iwwregens tëscht 10.000€ a 15.000€ a ka bis zu 300.000 Dose Vaccin stockéieren. Duerch déi grouss Demande geet natierlech och d'Produktioun an d'Luucht, déi iwwregens komplett zu Housen ass, erkläert den COO, Chief Operating Officer, Mario Treinen.
"Mir ginn ongeféier vun engen 100 Stéck de Mount op e puer 1.000 Stéck de Mount. Dat heescht, mir kucken, fir d'Fabréck auszebreeden. Mir hunn een Expansioun-Projet, wou mer effektiv kucken, fir eng 6.000 Meter Carré bäizebauen, fir Maschinne bäizesetzen. Zweetens kucke mer och, fir Leit anzestellen, dat heescht, mir brauche fir déi Aarbecht héich qualifizéiert Leit. Mir hunn do schonns eng 50 Stéck agestallt zanter 3-4 Méint. Mir denken, dass nach ongeféier eng 120 dobäi kommen. Dat sinn u sech vu Metallbauer, bis Elektriker, awer och Kill-Techniker, sécherlech qualifizéiert Leit, déi mer brauchen."
Och a Punkto Ressourcë géing een elo mat lokale Produzente kucken, fir dës ze kréien. Momentan schaffen 250 Leit fir B Medical Systems, dovunner 150 Leit an der Produktioun. Et kéint een an Zukunft awer bis zu 270 Leit brauchen, estiméiert nach de Mario Treinen.