Tëscht Géisdref an DolFrontal an e Bam gerannt - Motocyclist u Blessure gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg war um CR321 tëscht Géisdref an Dol ee Moto mat zwee Leit an e Bam gerannt.
© Marcel Hamilius

D'Streck war fir en Ament komplett gespaart. Zwee Rettungshelikoptere waren am Asaz. Zwou Persoune goufe blesséiert, huet et e Samschdeg de Mëtteg geheescht.

E Sonndeg koum dunn d'Nouvelle, dass de Motocyclist am Spidol u senge Blessure gestuerwen ass. D'Fra, déi hannen um Moto souz, gouf schwéier blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO