
An engem Communiqué gëtt virop kritiséiert, datt de Staat ëmmer méi Employéen astellt, wéi Beamten.
Fir d’Associatioun des Employés de l’Etat misst et och esou sinn: selwechte Loun fir selwecht Aarbecht. Mä och d’Ofsécherunge vun Employéen an hir Opstigsméiglechkeete wieren net esou gutt ewéi fir d’Beamten. Virun de Wale wieren d’Associatioun bei de Parteien op Versteesdemech gestouss. Elo misst gehandelt ginn.