5. Vitesse-AffärFuerverbuet vun 2 Joer a Geldstrof fir jonke Mann gefrot

RTL Lëtzebuerg
Wéinst op en Neits ze séierem an hannerzeg Fuere kruten e Mann an eng Fra um Stater Geriicht de Prozess gemaach, woubäi d'Fra net dofir ugetrueden ass.
© Pixabay

An enger 1. Affär goung et ëm e jonke Mann, deen am Juni 2017, moies fréi, an der Stad nees ze séier ënnerwee war. Um Enn vun der Escher Autobunn war hie mat 116 amplaz vu 70 Stonnekilometer duerch de Radar geflunn, wat engem Délit de grande vitesse entsprécht.

"Dir hutt am Casier just sou Saachen. Dat hei ass Är 4. Vitesse-Affär. Dir musst besser op de Compteur kucken". Sou huet de Riichter dem Mann an d'Gewësse geriet. Wouropshin dee gemengt huet, dat wär de Problem, hien hätt ni sou gekuckt. Dobäi war hien 2015 ewell mat 169 amplaz vun 130 km/h geblëtzt ginn. Dat wär ganz am Ufank gewiescht wéi hien de Führerschäin hat, sou de Mann, dee wéinst dem Fait vun 2017 nogefrot huet, ob et dozou Fotoe géif ginn. Op deenen huet hie sech erëmerkannt. "Zejoert hat Dir och nach eng Affär. Dir musst besser oppassen", huet de President vum Geriicht nach emol bemierkt. Hie géif dat spieren, ouni Führerschäin, huet de Beschëllegte betount, deen zanter 9 Méint an nach bis Mëtt dat anert Joer net fueren däerf. Fir de Vertrieder vum Parquet kéint den Ugekloten net viru Geriicht kommen an de Kapp anzéien, et misst sech eppes änneren. Dëst wär seng 5. Affär an där hie méi wéi 50% iwwert der erlaabter Vitesse geleeën hätt. Säin décken Auto wär vläicht net adaptéiert fir en, "ze séiere Fouss". Heifir sollten e Fuerverbuet vun am Ganzen 2 Joer an eng ugemoosse Geldstrof gesprach ginn.

AUDIO: Vitesse-Affär / Rep. Eric Ewald (3.2.2020)

Viru Geriicht wéinst Fahrerflucht

Dono wär et um Tour vun enger Fra gewiescht, déi am September 2018 zu Schëffleng en Accident provozéiert hat an ugaange war. Si koum awer e Méindeg de Moien net op d'Geriicht. Eng Zeie sot aus, deemools do gefuer ze sinn a bei enger rouder Luucht stall gehalen ze hunn. Et wären zwee Autoe virun hir gewiescht, wouvun deen 1. fort-, deen zweeten dogéint hannerzeg gefuer wär. Si hätt nach getut, sot d'Fra: "Ma Dir waart net séier genuch! D'Fra virun Iech war méi séier no hanne gefuer", huet de Riichter de Saz fäerdeg gemaach. D'Beschëllegt hätt du Vollgas ginn a wär ëm eng Kéier gefuer. D'Zeien hat geduecht, d'Fra géif do stoe bleiwen, mä déi wär ugaangen. Wat de President vum Geriicht zur Remark bruecht huet: "Du war se sécher frou, de richtege Gank ze hunn." Dono hätt d'Ugeklote gesot, si wär dat net gewiescht. Dem Vertrieder vum Parquet no louch hei eng Fahrerflucht vir, fir déi e Fuerverbuet vun annerhallwem Joer an eng ugemoosse Geldstrof sollte gesprach ginn.  D'Urteeler a béiden Affäre si fir den 20. Februar.

Back to Top
CIM LOGO