Déifferdeng, Beetebuerg an A7Fürerschäin agezunn, Fuerverbuet a Protokoll

RTL Lëtzebuerg
Souwuel zu Déifferdeng, wéi och zu Beetebuerg an op der A7 huet d'Police um Sonndeg den Owend mussen agräifen, well Automobilisten negativ opgefall sinn.

Zu Déifferdeng war enger Policepatrull géint 19 Auer e Chauffer opgefall, deen an der Avenue de la Liberté nawell sportlech ënnerwee war, dat an enger 30er Zon. Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer ze vill Alkohol intus hat. E provisorescht Fuerverbuet war d’Resultat.

Och e Sonndeg den Owend, kuerz no 21 Auer, ass zu Beetebuerg en Automobilist negativ opgefall, well e mat engem Kavaléierstart vun enger Pompelstatioun fortgefuer ass. Net just hunn d’Pneuen duerchgedréint, ma de Chauffer hat och nach ze vill Alkohol am Blutt. De Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.
Géint 23.25 Auer dann ass op der A7, op der Héicht vu Miersch, en Auto wéinst senger geféierlecher Fuerweis gemellt ginn. Bei der Kontroll gouf och hei festgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. E gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO