
Et feelt der CSL un Erklärunge vun der Regierung an un enger wëssenschaftlecher Analys, op déi sech d'nei Mesurë baséieren. Der CSL no géifen d'Leit am Land net méi verstoen, wat nach géif vun uewen erof decidéiert ginn.
Den Avis vun der CSL läit zanter de Méindeg de Moie vir.
Esou freet sech d'Salariatskummer, firwat nees muss den Horesca-Beräich zoumaachen, firwat de Couvre-Feu bäibehale gëtt a firwat d'Limitt vun Invitéen Doheem vu 4 op 2 Leit erofgesat gëtt, wat zu weideren "onsënnegen" Absurditéite géif féieren, datt eng Famill dierf bei sech Doheem empfänken, mee net dierf bei en anere Stot goen, well d'Limitt soss depasséiert gouf.
D'Chambre des Salariés mécht sech seriö Gedanken a Suergen, well de Risk vun enger ekonomescher Kris, mee och villen aneren individuellen a private Krisen gi wier, well d'Phenomener vu Stress, Burn-out a Suicide kéinten zouhuelen.
D'CSL vermësst dann och, datt d'Regierung sech no der éischter Pandemie-Well keen nationalen "Epidemie"-Plang ginn huet, wouranner objektiv Phase virgesinn gi wieren, déi hätte kéinten declenchéiert ginn, fir d'Covid-Nei-Infektiounen ze bremsen. Esou e Plang hätt zu iwwerluechten an novollzéibaren Decisioune gefouert - eppes, wat net geschitt wier a firwat d'Regierung lo de Leit géif Äntwerte schëlleg bleiwen.