Samu op der PlazGas-Grill zu Gaasperech explodéiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Gaasperech an der Rue Marie-Louise Tidick Ulveling ass e Freideg de Moie ëm kuerz virun 11 Auer e Gas-Grill explodéiert.
© RTL-Archiv

Eng Persoun gouf bei der Explosioun blesséiert. E Samu an eng Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Zu Beetebuerg an der Industriezon Wolser hat et iwwerdeems den Donneschdeg den Owend gebrannt. Pompjeeë vu Beetebuerg, Diddeleng, Esch a Péiteng waren op der Plaz. Blesséiert gouf hei awer keen.

Och bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Leideleng an der Rue d’Esch géint Mëtternuecht gouf et keng Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO